Prévention du suicide – Äntwert vum Gesondheetsminister & Rectificatioun

Den 25. Mee 2011 hunn ech dem Gesondheetsminister Mars DiBartholomeo e Bréif mat Froen zur Präventioun vum Suicide zu Lëtzebuerg geschéckt.1 Wëll bis de September keng Äntwert koum hunn ech den 29. September déi selwecht Froen iwwer Politikercheck gestallt. Den 12. Oktober krut ech dunn eng Äntwert, déi wéist, dass mäin éischten Artikel an d’Kritik un der Politik am Dossier “Prévention du Suicide” zwar (deelweis) berechtegt war, ma an déi falsch Richtung geet.

Thema “Internetsite”

Ech hunn a mengem Post geschriwwen:

Il y a quelques années le site suicide.lu a été annoncé dans une affiche à l’occasion de la journée luxembourgeoise de prévention du suicide. Ce site n’a jamais existé; après des mois “en construction”, en ce moment le nom de domaine n’est même plus enregistré. [...] On trouve seulement le site www.prevention-suicide.lu qui fait de la publicité pour des conférences sur la thématique (dont la participation coûte 80€, 40€ pour les étudiants).

Den H. DiBartholomeo seet dozou:

[Vernetzungsinitiativ Suizid] schaffen och un engem Internetsite, deen erwaart gëtt fir 2012. Als Kontaktadress gelt de Centre d´Information et de Prévention, 21, boulevard Pierre Dupong, L-1430 Lëtzebuerg – Tel. 45 55 33, deen eng Hëllefsstell ass fir psychesch Kranker an hir Familljen. [...] Ee vun de Projeten ass d´Ausschaffe vun engem psychiatresche Wegweiser mat den Adressen an de Beschreiwunge vun alle stationären an ambulante psychiatreschen Servicer am Land, deen 2012 publizéiert gëtt. Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech un Dr Dorothée KNAUF-HUBEL vun der Direction de la Santé (Tel. 247 85616) wenden, déi d´Coordinatrice an dëser Aarbecht ass.

D’Hoffnung besteet also, dass 2012 en Internetsite zum Thema disponibel ass. Ech sinn nach ëmmer der Meenung, dass en Internetsite am mannsten ofschreckt an domadder am beschten geduecht ass fir en éischte Kontakt fir di betraffe Leit.

Thema “SOS Telefonsnummer”

Weider sot ech am Blogpost:

En ce moment il n’existe donc pas de numéro de téléphone anonyme que des personnes en danger de se suicider peuvent appeler pour recevoir de l’aide! (ou le numéro est tellement bien caché que je ne pouvais pas le trouver).

Wéi den H. Bartholomeo weist stëmmt dat net:

SOS Détresse:
www.454545.lu (Hëllefstelefon 24 Stonnen/24)

De Nummer ass zwar net op prévention-suicide.lu verlinkt oder direkt ënnert “Suicide” bei Google ze fannen, allerdéngs ass en mat enger ausgeweite Sich keng Hexerei op de Site ze stoussen (e.a. op adhs.lu). Héi hunn ech also net gutt recherchéiert.

Conclusioun ass, dass de Gesondheetsministère zwar bëssen hannendran ass, ma wéinstens bis 2012 weider Schrëtt fir eng besser Informatioun zum Thema “Suicide” gemaach ginn. Eng méi aggressiv Ëffentlechkeetsaarbecht wier awer ze wënschen – wisou net eng grouss ugeluechten Informatiounscampagne? D’Thema “Suicide” ass en Tabu am Land an nëmmen oppen Diskussioune kënnen dat änneren.

Déi komplett Äntwert vum Mars DiBartholomeo ass hei ze fannen: Politikercheck.lu.