Kommentar zu “MPI” Module 1: L’essentiel des droits de la propriété intellectuelle

Geschter, den 1 März 2011, war den éischten “Mardi de la proriété intellectuelle” an der Chambre de commerce, organiséiert vu Luxinnovation. Am Module 1 “L’essentiel des Droits de la Propriété Intellectuelle” gouf et en iwwerflächlechen Resumée vun der aktueller Gesetzeslaach d’”Geeschtesch Eegentum” betreffend. Als Aleedung fir dei kommend Konferenzen duergaus passend war den Module 1 fir Leit mat engem gewëssen Hannergrondwëssen dach e bessen dreschen. Trotzdeem huet et sech gelount, an nëmmen wëll ech lo wees waat Tennisbäll an de Geroch vu frësch geschniddenem Gras gemeinsam hun.

Klassesch “Geeschteg Eegentum” Konferenz…

D’Conferenz huet mat enger 15 Minüteger Werbeveranstaltung fir www.iprhelpdesk.eu ugefaangen; enger nei lancéierter Säit, dei Entreprisen Hëllef a Saachen “Geeschtegt Eegentum” ubidd. Ech hun grondsätzlech näischt géint Sponsoring an enger Konferenz, ma d’Organisateuren sollten sou fair sinn, dat och sou ze kennzeechnen. D’Säit selwer ass nach rudimentär, ma den News Deel an d’Events Iwwersiicht kéint interessant ze verfollegen sinn.

Den eigentlëchen Virtrag vum Olivier Lombardo (Juriste vun Dennemeyer & Associates) war eng annerhallef stënneg Aféierung an d’Recht vum “Geeschtegen Eegentum”. Den H. Lombardo war zwar siichtlech opgereegt virun den knapp 50 Leit ze schwätzen an huet och am Ufank vu sengem Virtrag gesoot, dass et seng “éischt Konferenz” wier, ma ausser e puer klassesche Verspriecher an verlueren Fieden huet en en gudden Iwwerbléck iwwert Droit d’Auteurs, Brevets, Marques, Dessins a Modèles ginn.

D’Froeronn war dem Virtrag entspiechend iwwerflächlëch, wat beim Zielpublikum (Entreprisen anIndépendants) ze erwaarde war. Et huet mech trotzdem gewonnert, dass den H. Lombardo, ëmmerhin “Juriste spécialisée das le droit de la propriété intellectuelle” net op meng Fro konnt äntwerten wéi eng “droits moraux” zu Lëtzebuerg iwwerdrobar sinn a wéi eng net.

Hänke bliwwen un dësem Virtrag ass bei mir e Beispill vun enger ganz besonnescher Marque: der “marque olfactive de l’odeur de « l’herbe fraîchement coupée » pour désigner des balles de tennis” 1. Ech ka mer net virstellen, dass Nike oder Addidas de Geroch vun hiren Turnschnlappen no engem Marathon wëllen als Marque schütze loossen, ma ze wëssen, dass se et kënnen ass schon eppes wäert.

…leider.

Ech ginn ëmmer mat der Erwaardung op eng “Geeschteg Eegentum” Konferenz, dass iergendwann een Speaker op den (eigentlech offensichtlechen) Géigesaz am Wuert “Geeschtegt Eegentum” opmierksam mëscht. D’Hoffnung war kleng dëst op enger Konferenz mam Titel “Mardi de la propriété intellectuelle” ze erliewen an ech gouf net enttäuscht. Keng Persoun am Raum huet sech um Terme “Geeschtegt Eegentum” gestéiert. D’Wuert ass sou oft benotzt ginn, den Richard Stallman wier no 5 Minutten aus dem Sall gelaf.

Schlëmmer wéi en Term ze benotzen, deen sech säit Jorhonnerten an d’Gehire vun de Juristen ageprägt huet ass awer, dass den Géigesaz tëscht “Propriété” an “intellectuel” als Argument fir e strengt Urheberrecht benotzt gëtt. Sou sot den H. Lombardo, dass den staatlech unerkannten, vum aktuellen Urheberrecht créeéierte Monopol um Wësse an der Kultur fir den Urheber den Zougang zu dësem Wëssen fördert. Den “intérêt collectif” vum “Geeschtlechen Eegentum” wier eng “transmission du savoir” 2. Dës Ausso ass natierlech falsch, besonnesch wat d’Urheberrecht ugeet. E strengt Urheberrecht verhënnert d’Verbreedung vu Kultur a Wëssen, et fördert et net. Besonnesch wonnert et mech, dass dei vill Représentante vun den Entreprisen hei net waakreg gi sinn; sou ass et dach e Prinzip an engem fräie Marché, dass Monopole schlecht sinn, wëll se de fräie Wuerenaustausch behënneren 3.

Dënnsten 8. Mäerz ass den nächste Rendez-Vous an dëser Réi vu Konferenze. Thema ass e ganzt interessant: “Défendre et protéger ses Droits de Propriété Intellectuelle sur Internet“. Entrée as gratis an et kann een sech nach umellen!

  1. http://www.legalbiznext.com/droit/Les-marques-olfactives-ne-montrent
  2. Entschëllegt deSproochenduergerneen.
  3. Ech sinn keen Economist, ma sou sinn ech et an der Schoul geléiert ginn