Kommentaire zu de Satzungs- a Programmännerungsanträg fir den #LK121

Den 18. Mäerz 2012 fënnt den éischte programmatesche Landeskongress 2012 vun der Piratepartei Lëtzebuerg statt. Ech ginn hei meng privat Meenung zu den Anträg a fänke mat den Satzungs- a Programmännerungsanträg un1.

Satzungsännerungsanträg

SÄA 1: Nur Schiedsgericht auf nationaler Ebene

Ech stellen den Antrag, d’Idee gouf awer schonn am Virfeld no der Grënnung vum Bezierk Norden diskutéiert. Meng Begrënnung ass: “mir brauchen net an all Bezierk en eegent Schiedsgericht. D’Landesschiedsgeriicht geet fir ons Gréisst duer. Falls et trotzdem de Wonsch vum Bezierk ass e Schiedsgericht ze grënnen ass dëst trotzdem méiglech, ma mat dëser Ännerung ass et net méi obligatoresch.” Dëst huet och vu Virdeel, dass een op de Bezierksgennungen Zäit spuert (di een dann kann inhaltlech fëllen) an een net muss no Kandidate fësche fir e Schiedsgericht. Ech wäert zoustëmmen.

Programmännerungsanträg

PÄA 1: Begriffdefinition

E kuerzen Antrag fir verschidde Begrëffer mi genau ze definéieren. Ech hunn mech um aktuellen Text zwar net besonnesch vill gestéiert, ma d’Ännerunge maache Sënn. “Staatlech Organer” ass méi vaste wi “de Staat” an “onschëlleg” hänkt wierklech ze vill vum Betruechter of. Keen Antrag deen ech selwer gestallt hätt, ma deem ech wuel wäert zoustëmmen.

PÄA 2: Berichtigung der Autorennennung des Spruches “mehr Demokratie wagen”

Wikipedia weist dem Willy Brandt d’Zitat zou, d.h. den Antrag ass inhaltlech berechtegt. Allerdéngs steet “Adenauer” guer net am Antrag vum LK20112, d.h. ass och net offiziell Deel vum Programm. Den Antrag ass dofir inhaltlech richteg, ech wäert en awer ofleenen well et sech nëmmen ëm en Iwwersätzungsfeeler an der lëtzebuergescher Versioun handelt. Natierlech muss deen Feeler dann awer behuewe ginn, ma et brauch dofir keen PÄA.

PÄA 3: Für die Vielfalt in der Gesellschaft

Alleng de läschten Abschnitt mëscht, dass ech wäert dësem Antrag zoustëmmen. Et ass eigentlech schued, dass ee sou Selbstverständlechkeete muss an en Text schreiwen, ma an Zäiten op deenen op Facebook vun “vergasen” geschwat gëtt, an deene Gemengeconseillieren Demos géint Asylanten organiséieren an Kandidaten am Wahlkampf (z.B. Frankreich) probéieren ee méi auslännerfeindlech ze sinn wéi deen aneren muss et kloer sinn, dass d’Pirate keen Ënnerscheed maache vu wou eng Persoun hirkënnt oder vu wou hier Virfahre sinn.

Wat mech e bësse stéiert, ass dass de PÄA nëmme vun “kommunaler politischer Mitwirkung” schwätzt. Grad zu Lëtzebuerg muss et och op nationalem Niveau eng méi grouss politesch Bedeelegung von Net-Lëtzebuerger ginn. Dëst ass awer ze vernoléissegen, schliisslech hunn mer schonn e Positiounspabéier daat genau dëst ausseet.

PÄA 4: Für eine zeitgemäße Geschlechter- und Familienpolitik

E wichtegen Antrag (jo en ass vu mir, trotzdem ;) ). Et wäert och nach e Positiounspabéier komme wat den Antrag erweidere wäert mat konkrete Fuerderungen. Et ass wichteg dësen Antrag unzehuelen fir ze weisen, dass eng modern Geschlechter- a Familljepolitik net an dem momentan propagéierte Geschlechterkampf ze fannen ass ma an enger selbstbestëmmter Gesellschaft. Engem säi Geschlecht ass een Deel vu senger Identitéit an dierf net vun Aussen forcéiert ginn. Geschlechterrolle kënnen nëmmen iwwerwonne ginn wann endlech opgehale gëtt all Mënsch an 2 Tirang ze stellen – dësen Antrag mëscht kloer, dass et méi wéi 2 Geschlechter ginn an dass all Mënsch d’Recht huet selwer ze definéiere wéi engem Geschlecht en zougehéiert. Dat selwecht gëllt fir Familljeplanung, di alleng den eenzele Persoune virläit an net vum Staat soll ausgesicht ginn.

PÄA 5: Recht auf sichere Existenz und gesellschaftliche Teilhabe

Ee vu mengen Anträg, vun der däitscher Piratepartei kopéiert, wëll ech et net hätt besser kënne schreiwen a mat der Idee vollkommen d’Accord sinn. Natierlech plädéieren ech dofir en unzehuelen.

Fräi kann een nëmme sinn wann een net all Dag muss fäerten Muer näischt méi ze iessen ze hunn. Ganz fräi wäerte mer ni sinn, ma dësen Antrag ass e weidere Schrëtt an eng méi liberal Gesellschaft, di net dovun ofhänkt wat engem seng Famille verdéngt, ob een d’Gléck hat fréi e gudden Diplom ze kréien oder op een en Job muss unhuelen un deem ee futti geet. Dobäi geet et explizit net drëms Mënschen um Existenzminimum vergammelen ze loossen, ma all Mënsch d’Chance ze ginn sech un der Gesellschaft bedeelegen ze kënnen.

Konkret kann dësen Antrag a verschidde Richtunge goen (z.B. Ofbau vun de Kriterie fir staatlech Hëllef, Steierreform, Grondakommes) – dëst muss an Zukunft (a m.M. bis zu de Wahlen 2014) per Positiounspabéiert no Recherchen an Expertemeenungen entscheed ginn.

PÄA 6: Urheberrecht

Bei dësem Antrag sinn ech nach onentschloss a wäert op d’Virstellung beim Kongress waarden. D’Idee vun “Rückführung in den öffentlichen Raum” implizéiert, dass eppes aus dësem Raum entwendet gouf - wat sech mir ze vill  no “intellectual property” unhéiert (wéi wann Wëssen & Kultur eppes wier wat een physesch kéint verschieben). Ech muss och nach dovun iwwerzeegt ginn, dass et e “fairen Ausgleich” brauch tëscht de wirtschaftlechen Interessen vun den Urheber an dem ëffentlechen Interessi vum Zougang zu Wëssen a Kultur. Menger Meenung no huet den Zougang zu Informatiounen Prioritéit par Rapport zu wirtschaftlechen Interessen. Ech wäert mer am Viraus bzw. um Kongress nach eng ofschléissent Meenung bilden.

P.S. PÄA 7 & 8 kommen nach :)

  1. Do ass Deadline de Samschden 03.03. ofgelaf, d.h. et komme keng nei derbäi.
  2. Programmheft LK2011 S.18