Fluchpassagéierofkommes EU-USA: Respekt on uns Deputéiert!
Update: Äntwert vum Frank Engel (Explication de vote)
Haut huet d’EU Parlament sech blaméiert! Nodeems 2010 d’Fluchpassagéierofkommes tëscht der EU an den USA ofgeleent gouf huet d’EU Parlament Haut mat 406 zu 226 zougestëmmt, dass all Fluchpassagéiert deen vun der EU aus an d’USA flitt als Terrorist declaréiert gëtt. Dowéinst ginn elo eng Onmass vu perséinlechen Donnéeën ouni Garantie op den erfuerderlechen Dateschutz an d’USA iwwermëttelt – automatiséiert, ouni begrënnte Verdacht an ouni Méiglechkeet sech dogéint ze wieren.
Dës schlecht Noriicht ass awer net de Grond fir dëse Blogpost1 – ma ech wëll hei ausdrécklech di lëtzebuerger EU Deputéiert eraushiewen di geschlossen géint dësen Ofkommes gestëmmt hunn, och ons Deputéiert vu LSAP a CSV (entgéint hieren Kollegen am Parlament).
Wëll ons Parlamentarier (och vu mir) wuel vill méi oft Kritik un den Hals geworf kréie wéi opmonterend Wieder wëll ech dës Geleeënheet notzen an hinne fir dës richteg Entscheedung Merci soen. Dier dierft mengem Beispill gären nokommen!
Léiw lëtzebuergesch EU Deputéiert,
Mat Bestierzung hunn ech Haut misste gesi wéi sech d’EU Parlament fir den Austausch vu Fluchpassagéierdate mat den USA ausgeschwaat huet. Ech empfannen dëst als schwéieren Agrëff a meng Privatsphär, de Schutz vu perséinlechen Donnéeën an en Affront géint d’Onscholdsvermutung.
Ech wëll ierch dofir e grousse Merci! soen, dass der ierg mat ärem “Nee!” géint dëst Ofkommes ausgeschwaat hutt. Och wann et dës Kéier net fir d’Majoritéit duer gangen ass, sou ass dëst awer e kloert Zeechen, dass net all EU Parlamentarier dem Ofbau vun onse Biergerrechter zoustëmmen. Besonnesch als Lëtzebuerger ass Haut also e Grond ierch Merci ze soen, dass der “Nee!” gesot hutt!
Ech hoffen, dass dir och an Zukunft weider wäert op europäeschem Niveau fir ons Biergerrechter a Fräiheeten astoen an och vläit e puer vun äre Kollegen iwwerzeegt kritt, dass “FUD” keng Basis fir eng europäesch Secherheets- an Aussepolitik kann duerstellen.
Mat frëndleche Gréiss,
Jerry Weyer
Send to:
astrid.lulling@europarl.europa.eu,
charles.goerens@europarl.europa.eu,
robert.goebbels@europarl.europa.eu,
frank.engel@europarl.europa.eu,
georges.bach@europarl.europa.eu,
claude.turmes@europarl.europa.eu
Update: Äntwert vum Frank Engel (Explication de vote):
Mon vote contre l´accord sur l´utilisation et le transfert des données des passagers aux
Etats-Unis a une double motivation.Premièrement, cet accord est un “executive agreement” en droit américain, qui ne sera
pas ratifié par le Sénat et ne peut créer de droits au profit de personne. Les Etats-Unis
ne sont donc aucunement contraints d´appliquer les soi-disant garanties au bénéfice
des passagers européens que contient l´accord, s´ils jugent que leur droit interne
s´y oppose. Les recours contre une utilisation abusive des données que des citoyens
européens tenteraient devant des juridictions américaines seraient partant compromis
d´avance. L´accord n´améliore pas la situation juridique des passagers européens à
destination des Etats-Unis, étant donné que son statut en droit américain, ne permet
pas la création de droits nouveaux.Deuxièmement, cet accord ne constitue qu´une ratification européenne de pratiques
américaines en matière de transfert de données personnelles de passagers. Je juge
cette pratique largement excessive, et je ne saurai marquer mon accord à un texte qui,
au-delà des procédures d´entrée aux Etats-Unis extrêmement pénibles, soumet les
voyageurs de bonne foi à une suspicion générale. On ne combat pas le terrorisme et la
grande criminalité en culpabilisant d´avance chaque passager d´un vol transatlantique.
- Alles weideres zum Ofkommes bei nopnr.org ↩