ADR Extremisten – Eenzelfäll? Net wierklech…
Den ADR gëtt sech offiziell als wäertorientéiert Partei di radikal Opfaassungen net toleréiert. Zwee Memberen di mat xenophob an extremisteschen Äusserungen opgefall ware sinn “fräiwëlleg” aus der Partei ausgetrueden. Waren dës Eenzelfäll? Ech gouf op mindestens zwee weider gewielte Vertrieder vum ADR opmierksam gemaach, di ähnlech Positioune wie di zwee augetruede Membere vertrieden. An et schéngt tatsächlech wie wann beim ADR méi wi e puer Eenzelfäll mat extremisteschen Ideeë sympathiséieren.
Den Gert Müllenheim ass laut ADR Websäit “Effectif” aus dem Zentrum vum ADR Kommitte 2012. Donieft ass hien awer och Auteur vum Buch “Die Zukunft der Welt…“. Schon d’Facebook Säit zu dësem Buch léist d’Richtung erahnen. Sou ginn kloer islamophob Positiounen verbreed oder op Zeitunge verlinkt die als rietz-radikal a friemefeindlech agestuft ginn:
Den Inhalt vun dem iwwer 700 Säiten Buch ass mindestens konfus, chrëschtlech-fundamentalistesch a schwéier ze verdauen.
Während vieler Jahrzehnte schon haben die Menschen beharrlich mit der ganzen Evolutionslehre versucht, den Gedanken an Gott, der doch über allem steht, auszuschalten und damit dann den christlichen Glauben von der Wurzel her zunichte zu machen. Diese vom Satan inspirierte Theorie wurde nicht nur an Schulen und Universitäten gelehrt, sondern es haben sich sogar unzählige Theologen, Pastoren und Prediger zu Befürwortern dieser verderblichen Lehre gemacht. Es könnte sein, daß auch viele wiedergeborene Gläubige sich über die unheimliche Gefährlichkeit der Evolutionstheorie ungenügend bewußt sind. Daher wäre es äußerst wichtig, wenn Eltern ihre Kinder diesbezüglich in biblischer Weise aufklären und ihnen eventuell dann auch wissenschaftlich begründete Literatur gegen diese Lehre geben würden. (S. 519)
Der Augenblick ist gekommen, die Gottlosen von den Gläubigen zu trennen. Die allerletzte Frist zur Buße ist abgelaufen, eine Umkehr scheint nicht mehr möglich. Mit dem Schlag der Sichel an die Erde schlägt die Stunde der Wahrheit für alle Atheisten und Spötter. Diese Ernte entscheidet diesmal unwiderruflich über Tod oder Leben eines jeden Sünders. (S. 525)
Typesch “inoffiziell” ADR Positiounen wie se och vun den zwee zréckgetruedenen Memberen am Internet oppe vertruede goufen sinn z.B. Europa-Feindlechkeet;
Es läßt sich so bereits feststellen, daß es dem Widersacher Gottes schon möglich war, mit der Europa-Flagge ein Gegenstück zum biblischen Symbol des Weibes aufzubauen. Unter dieser falschen Flagge wird dermaleinst der europäische Weltherrscher, der Antichrist, das wahre Weib mit den zwölf Sternen, also das Volk Israel, angreifen und zu vernichten suchen. (S. 470)
Fraefeindlechkeet;
Die Emanzipation in unseren Tagen ist eine Ausgeburt des Sozialismus und Liberalismus, die in der Zeit der Aufklärung vom 18. bis 19. Jahrhundert ihren Anfang genommen hat und heute eine erschreckende Wirklichkeit geworden ist. Das sehen wir an der feministischen Frauenbewegung, dem Zerfall der Ethik und Moral, sowie an dem Vordringen der Frau in alle Ämter des öffentlichen Lebens, bis hin zur Staatsführung, nach dem Modus: „Frauen sind doch bessere Diplomaten“. Damit ist keineswegs gesagt, daß der Frau ihre ihr von Gott geschenkten Rechte eingeschränkt werden sollen, um sie zu einem Sklaven- und Schattendasein zu verurteilen. [...] Die Emanzipation brachte der Frau nicht das erhoffte Glück, sondern die größte Erniedrigung aller Zeiten, und zwar durch die Freigabe der Pornoliteratur, Por-123
nokinos, Pornovideos, Sex-Shops, Abtreibung, Kinderverführung, Kinderschändung und Entblößung (S. 122)
oder den Haass op all aner Parteien:
Die Tötung eines Juden erfüllt uns heute mit Entsetzen. Das Töten eines Ungeborenen aber ist möglicherweise schon bald einklagbares Grundrecht. In letzter Zeit saßen nur zu oft die Kindermörder über die Judenmörder zu Gericht, die Fristenlöser über die Endlöser. Die Generation der Schamlosen und Pornoproduzenten entsetzt sich über die Skrupellosigkeit der braunen Unholde. Die schändlichen Förderer der Perversionen und des Kindersex empören sich über die Verbrechen der Nationalsozialisten. Die roten und grünen Politiker haben die braunen zwar ersetzt, aber deren Programme sind genauso gottlos, daher entwürdigend und menschenverachtend. Um es einmal klarund deutlich zu sagen: Die grünen Politiker sind getarnte rote, die nicht besser sind. (S. 302)
Besonnesch schlëmm, an definitiv net mat den Äusserungen vum F. Kartheiser a Saachen Extremismus ze vereinbare sinn awer di homophob Äusserunge vum Gert Müllenheim:
Was duldet und segnet die Kirche in unseren Tagen nicht alles in ihren Reihen. Es gibt homosexuelle Pfarrer, die mit ihren Partnern als „Ehepaar“ eingesegnet werden, desgleichen lesbische Kirchenführerinnen, die nun offen ihre perverse Neigung eingestehen. Denn inzwischen hat eine Synode schon beschlossen, daß Schwule und Lesben in „ethisch verantworteten“ Lebensgemeinschaften gesegnet werden können – jedoch nur ausnahmsweise im Gottesdienst. Noch gibt es, soweit bekannt, offiziell keine Tempeldirnen in den Kirchen; allerdings würde es durchaus dem großen Abfall unserer Zeit entsprechen, wenn es doch so wäre. (S. 57)
Hinzu kommt dann noch die vom Satan inspirierte rationalistische Theologie, Gruppendynamik, Yoga, Transzendentale Meditation, Okkultismus, Spirtitismus, hexenkultischer Feminismus, Beihilfe zum Mord am ungeborenen Leben, homosexuelle, lesbische und kommunistische Pfarrer und Pfarrerinnen im Predigtdienst, sowie viele andere Höllengreuel, die dort angesiedelt sind. (S. 160)
Unzählige Päpste, Kardinäle, Bischöfe und Priester waren gewohnheitsmäßige Unzüchtige, Ehebrecher, Homosexuelle und gar Massenmörder – erbarmungslose und verdorbene Schurken, die ihren verkommenen Lebensstil obendrein fern von jeder moralischen Disziplin praktizierten. (S. 584)
Grad LGBT-Feindlechkeet an a ronderëm den ADR schéngt méi wie vun Eenzelfäll ze kommen. Den mëttlerweil méi bekannten ex-ADRler ”DJAder” hat och zu deem Thema eng Meenung:
Allerdings, kann ich den Autor dahingehend beruhigen, dass ich in den nächsten Tagen, wie schon länger geplant, mein Logo und meinen Slogan ändern werde und mich in Zukunft breitgefächerter um alle Parteien kümmere, auch speziell um die gefährlichen, von ‘Rosa Lëtzebuerg’ und ‘AHA’ infiltrierten Piraten. Wer für Transgendertum, Uni-Sexismus (es gibt namentlich keine Frauen und Männer mehr), Wahlrecht für jegliche Ausländer und ab dem Kindergarten, Abschaffung der Patentrechte und weitere libertär-extreme Ziele eintritt, hat nichts im demokratischen Parteienwettbewerb verloren; solche extremen Aussagen sind nämlich nicht angebracht und im Zusammenhang mit einer “demokratischen” Partei fragwürdig. (Copy-Paste vu sengem mëttlerweil privaten Blog)
Och den Andy Winandy, Generalkeessier vun der Adrenalin, déi jonk ADR, mëscht kloer islamophob an xénophob Äusserungen an sympathiséiert ëffentlech mat den zwee ausgetrueden ADR Memberen an hiren Positiounen. Hien beschreiwt e.a. selwer di riets-populistesch Partei Vlaams Belang als “rietsextrem Partei”, verlinkt se op sengem Site an mëscht Werbung fir se op senger Facebook Säit.
Sinn dës also weider Eenzelfäll? Schliisslech kann eng Partei net am viraus Gesinnungstester maache fir hier Memberen ze testen. Extremistesch Äusserunge vun Membere kënne bei all Partei virkommen, ouni, dass direkt di ganz Partei extremistesch ass oder sou Positiounen toleréiert. Beim ADR schéngt dës awer de Fall ze sinn – mam rietse Rand gëtt scho méi laang gespillt, an dat op héchstem Niveau. Di zwee schonn ausgetruede Membere ware béid am ADRenalin aktiv oder stoungen op Wahllëschte vum ADR. Béid Beispiller an dësem Post sinn am aktuelle Komitee vun der Partei. De Parteipresident Fernand Kartheiser hetzt scho mol gären géint Homosexueller, den Deputéierte Gast Gibéryien géint “Multi-Kulti” (en Terme deen bei riets-radikalen europawäit fir alles benotzt gëtt wat net “national” ass1) oder den Gemengekonseillier Joé Thein deen laut verschidden Presseberichten Demonstratioune géint Asylanten mat organiséiert. Bei sou engen Führungspersonal brauch een sech iwwer extremistesch Gedankegut bei senge Supporteren net ze wonneren.
Disclaimer: Di “ADR huet Extremisten” Geschicht soll keng Hexejuegt ginn. Ech gouf op dës zwee gewielte Vertrieder opmierksam gemaach an hunn no puer Recherchë gesinn, dass se wierklech Positioune vertrieden di net mat de Mënscherechter vertrietbar sinn. Et handelt sech net ëm “normal” Membere ma offiziell gewielte Vertrieder vun der Partei, d.h. dës Persoune stinn dowéinst an der Ëffentlechkeet a mussen sech der Kritik stellen. Een (wann net deen) grousse Problem mat Xenophobie an/oder Homophobie ass, dass se ënnert den Teppech gekiert gëtt. Wéi beschriwwe schéngen extremistesch Positioune beim ADR keng Eenzelfäll ze sinn an dat soll och un d’Ëffentlechkeet.
- z.B. NPD, Front National, Vlaams Belang ↩











flott recherchéiert, mais am fong naischt neies…hun di Saachen schon kannt, an si passen an t’Bild… wat de Gerd Müllenheim ugeet, sou mengen ech dass de kartheiser weess dass en e verrecktenen as, an éischter en aarmen geescht. an de Winandy hällt sech jo och zimlech zereck – di postings op sengem blog sin schon zimlech aal. Jiddferfalls mengen ech dass een e bessen oppassen muss: den timon müllenheim ass fir mech perséinlech éischter e fall fir t’psychiatrie. well politesch een un de pranger stellen, deen der mol net äntwere kann (huet een jo op der FB-Sait Pierre Peters? Nee Merci! gesin) brengt net vill… an de sobral as éischter en domme jong. Di richteg geféierlech Lait sin t’Patrioten, di lo natiirlech t’Adrenalin-Dissidenten mat oppenen Aerm empfänken. mol kucken wéi se den 11. August beim “Marsch der Patrioten” zu Köln empfaang gin;)
Jo, sinn/war mer hei och net su secher op daat lo muss grouss un d’Ëffentlechkeet oder net. Gouf halt drop opmierksam gemaach, mat der Fro no weideren Informatiounen. Ech gesin awer den Interessi wann sou Leit offiziell d’Partei repräsentéieren, grad wann hiere Präsident vir kuerzem grous posaunt huet si géifen daat net toleréieren. Geet mer och drëms ze weisen, dass d’ADR Féierung d’Basis fir sou Positiounen leen andeems se se selwer vertrieden. Et ass mer dann och zimmlech egal aus wéienge Grënn een dës Positiounen vertrëtt – si sinn fir mech net aktzeptabel.
Patriote si méi geféierlech, jo, ma och mi schwéier anzeschätzen.
Kucke mol waat meng aaner “Tester” soen, wann déi och der Meenung sinn, dass de Post net sollt publique gesaat ginn, da lossen ech et sinn.
Merci fir de Feedback!
P.S.: Screenshots sinn vum Abrëll/Juni, also och net sou aal…
Ganz interessanten Artikel!
Oofgesin vun den Auszig aus deem secher „liesenswaerten” Buch, hun ech den Gros zwar och schon kannt, mee fier Leit dei nach net esou an deem Domaine bewandert sinn ass desen Artikel secherlech eng gudd Basis!
Desweideren liesen sech dei xeno- an homophob Gedanken vun den ADR-Politiker ganz gudd eraus, an den Lieser erkennt den Probleem direkt. Beim bäschten Wellen, esou Saachen vun sech ze ginn an dann och nach dozou ze stoen ass menger Meenung no onerheiert…
Hallo,
Merci fir de Feedback.
Ech muss gestoen, ech hunn daat Buch nach net kannt, bzw. den Auteur. Et klengt alles zimmlech verréckt, ma als offizielle Representant fannen ech kann een sech kloer extremistesch Aussoen net leeschten.
Hoffe mer, dass puer Leit bis di nächst Wahle mierken mat wiem se et beim ADR ze dinn hunn…
Mfg
Komesch datt aussgereschent hei Leit vun Mënschenrechter Gleicheet vun den Natiounen a Liberalismus schwetzen, déi kommunistesch Diktatoren an Regimer zum Virbild hunn welsch Milliouonen Mënschen um gewëssen hunn, an hei en op Guttmënsch maachen ! Gell diert Här Caragari ! Wann en am Glashaus setzt soll en net mat Stëng geheien ! Wann déi 2 Ex Jonk ADRler Extremisten sinn, dann ass den Popst en Athéist ! Aer lénksextrem Diffamationspropaganda géint politesch Géigener huet rem seng Frichten gedroen. Ausser Liggen, Beleidigungen an Verleumdungen an Welt ze setzen brengt Dir an aer lénk Genossen souwisou net ferdeg, ausser domm schwätzen do mecht keen Iech eng fir !
Hunn drop gewaard… lénksextrem *BINGO*.
Liggen – ech probéieren meng Aussoen ze beleeën. Wann iergendwou eppes falsches steet w.e.g. soot bescheed ech berichtegen et.
Beleidegungen – ech nännen d’Kand beim Numm. Den Andy aus dësem Post nännt sech dach selwer rietz-extrem (hien verlinkt op de Vlaams Balang an nënnt sie rietz-extrem), also wisou dierf ech daat net?
Verleumdung – daat heescht et géif eppes soen, waat ech wees waat falsch ass. Wie gesoot sinn meng Aussoen beluecht. Ausserdem huet den ADR selwer behaapt di 2 ausgetrueden Persounen waren hinnen ze extrem, wisou dierft ech daat net soen?
Ma waat soen ech, als lénksindokrinéiert, libertät-extremen, Rosa Lëtzebuerg an AHA ënnerwanderten Genoss ginn natierlech vun de béise Medien sou manipuléiert, dass ech nëmmen drop waarden, dass mech riets Populisten rette kommen
“Leider hatten zwei unserer Mitglieder im Internet Aktivitäten entwickelt [Verbindungen oder Querverbindungen zu extremistischen Parteien oder Bewegungen], die unter diesen Gesichtspunkten für die ADR vollkommen inakzeptabel waren. ”
Laut Fernand Kartheiser, Nationalpräsident vum ADR, waren déi zwee EX-ADRenaliner definitiv “Extremisten”.
oh gott haer welter…
daer hutt nawell zimlech den a**** op wann ech daat daerf soen. Also widderhuelen ech et nach emol: ech hun néirens kommunisten verherrlecht an sin och a kenger partei, mol net syndiquéiert. fir leit wi de müllenheim oder patridioten schaiss ze fannen brauch een och net lénks ze sin, doofir brauch een nëmmen en gehier. a wann aerch meng aarbescht an der presse net passt, dann verlaangt eng géijenduerstellung, sou wi t’gesetz aerch et erlaabt. di muss natierlech motivéiert sin, also gudd grënn hun. an genau do hapert et bei aerch: daer kennt mer net beweisen dass meng artikelen net stëmmen, well se eben propper recherchéiert sin. et as wierklech traureg ze gesinn, wi der emmer nees probéiert mech an aanerer di aerch an aer kollegen beim numm nennen, ze diffaméieren. mais méi schengt der net drop ze hun. also, vill spaass an der sandkaul;)
Proper recherchéiert ?! Äer Artikelen ? Sollen mer hard laachen ?! Dir verherrlescht och keng kommunistesch Diktaturen Gell ? An och Dir sitt net Lénks ugehaucht ? Dir sidd jo och net den Initiator vun der Pierre Peters nee Merci Säit op dem Facebook ?! Do schreiwt der jo ënner verschidden Profiler Äer Meenung an déi ass jo och alles annescht wéi lénksindoktrinéiert gell ? Dir falt och guer net do mat äeren Fakeprofiler iwwert verschidden leit öffentlech hir? Dir profitéiert vun äer protection duerch pressefräiheet vir äeren Kaabes an d’Welt ze setzen. Sou ëppes ass kloer abus de pouvoir an Leit déi sou Liggen iwwert annerer schreiwen, dënnen misst den Presseausweis direkt ofgeholl gin! Sou ëppes wéi Dir dierft et mol guer net ginn als Journalist ! Leider sinn méi Leit vun äerer Zort ënnerwee an dënnen misst en all den Pressepass ofhuelen fir déi Liggen an Diffamatiounen déi se iwwert Persounen an d’Welt setzen déi se mol guer net kennen. Dir sidd eng Schann fir déi ganz Lëtzebuerger Presse, fir mech sidd dir nach manner Wert wéi déi Pseudoreporter vun Lëtzebuerg Privat. Dir sollt Iech einfach nëmen schumen vir datt wat der den anerern Leit unditt ! Wann en Nopper iergend en Schäiss iwwert en anneren Nopper verzappe geet kann en den gerichtlech Belaangen, Iech leider net! Souvill zur Liggen an Diffamatiounsfräiheet, hei kann vun Pressearbescht an recherchéierter schonns guer keng Rieds goen !
an haer welter? sicht der nach emmer?… tjo, daat kann nach zimlech laang daueren;)
Ech hunn alles hei leien wat ech brauch an dat geet jo duer. Wann ech enges Dages muss Gebrauch maachen vun dem Material, dann gitt der datt schon gewuer do macht iech mol guer keng Gedanken, kucken mer mol op dat dann an der Oeffentlechkeet den Mond grad sou opreisst wéi der dat hei verdech bréngt, datt wäerd sech jo dann raus stellen.
Bislo liesen ech hei just vun engem “Mond-Opräisser” an deen ass komescherweis ze féisch fir all daat Kompromat waat en gesammelt huet ze verëffentlechen… waat en Zoufall
tjo… daat giff ech dann awer gaeren gesinn, daat material. Wi gesoot, wann der wellt kennt der Géijenduerstellungen froen, a wann se begrennt sin, gin se och gedreckt… mais daat brengt der net, well et naischt gett;)
ok, dann beweist mer daat: wou hun ech jemools eng kommunistesch diktatur verherrlecht? a welchem artikel? a welcher zeitung? an wou hun ech dann gelunn? soot mer konkret waat net stëmmt ? an ech sin NET den initiator vun der Pierre Peters Sait, daer kennt di Lait roueg froen, genausouwéineg wi ech den Alasdair Grierson sin. an ech hun just een FB-Profil, deen enner mengem Pseudo leeft, deen ech schon 10 Joer benotzen an deen bal all mensch kennt. also: entweder daer post lo hei een artikel vun maer an deem ech e kommunistesche regime verherrlechen (egal welchen ech loossen aerch t’wiel) oder een wou eppes dransteet waat net stëmmt oder daer gitt aerch mat aeren ennerstellungen…
Initiator von der Pierre Peters NEE Merci Säit wier och guer näischt schlëmmes
Einfach nemmen aarmseileg esou beschellegungen ze maachen. Mir an net gudd rechercheieren. Villmols merci. Fake profiler? Ween dann? Also den thein haat der 3 wou en mech als drogenoofhängegen duergestallt huet, an homophob geigeniwwer mengen leid war. Mee bon, mir maachen jo alles falsch. Mee ed gesin verschidden leit speitestens an 3 joer waat se vun hierem scheiß lo un. Merci fir d liesen ^^