“How-to” Urheberrecht zu Lëtzebuerg

Jiddereen ass kreativ, huet Ideeën, schwätzt driwwer a realiséiert se. Dobäi fléissen nieft der eegener Kreativitéit eng Onmoosse vun Inspiratioun an Erfahrunge mat an de Prozess eran. Land sou eng Idee iergendwann op Pabeier, enger CD, engem Video oder gëtt a soss enger Form matéraliséiert, da spillt automatesch d’Urheberrecht; eng Gruppe vu Reegelen, déi dëst Wierk schützen andeems se dem Auteur verschidde Rechter ginn. Dësen Artikel mëscht op déi gréisste Fale vum Urheberrecht zu Lëtzebuerg opmierksam a gëtt Tipps wéi een se ka vermeiden.

Wat ass Urheberrecht?

D’Urheberrecht (“Droits d’auteurs”) ëmfaast d’Reegelen, déi literaresch a kënschtleresch Wierker, Computerprogrammer an Datebanke betreffen. Et sinn net d’Ideeën selwer déi geschützt sinn1, ma d’Ausféierung, den “Support“.

Zum Beispill: Dem J.K. Rowling seng Harry Potter Bicher sinn urheberrechtlech geschützt, d’Idee iwwert en Zauberer a seng Frënn ze schreiwen dierf awer jiddweree benotzen. 2

D’Urheberrecht spillt automatesch; et muss een näischt registréieren oder d’Wierk muss net verkaf gi fir dass Rechter entstinn. Et ass net noutwenneg säi Wierk mat dem Zeechen “©” ze markéieren!

Zum Beispill: Urheberrecht schützt ënner anerem dem Fotograph seng Fotoen, der Musekerin hiert Lidd, dem Choreograph seng Choreographie, der Kënschtlerin hiert Bild, oder dem Programméier säi Computerprogramm.

Ech beschränke mech op d’Reegele wéi se vun de lëtzebuergesche Gesetzer virgeschriwwe sinn. D’Reegelen an onsen Nopeschlänner sinn ähnlech, ma net identesch. Den angelsächsegen “Copyright” baséiert op anere Prinzipien.

Wat bréngt d’Urheberrecht mir?

Als Auteur huet een automatesch folgend Rechter:

  • Veröffentlechungsrecht: alleng entscheede wéini, wou an a wéi enger Form e Wierk verëffentlecht gëtt.
  • Auteurschaft: d’Recht als eenzeg Persoun als Createur vum Wierk unerkannt ze ginn.
  • Recht sech géint Entstellung ze wieren: nëmmen den Auteur dierf säi Wierk veränneren. Dozou gehéiert de Support ze wielen (Zum Beispil: eng Foto vun engem Bild maachen, e Lidd vun engem MP3 op eng CD ze brennen).
  • Vervielfältegungsrecht: den Auteur muss den Accord gi fir all Kopie. Dat gëllt och fir d’Privatkopie, déi zu Lëtzebuerg net erlabt ass3.
  • Kommunikatiouns, Verleih- an Vermietungs- an Verbreedungsrecht: ouni dem Auteur säi Accord dierf säin Wierk net ëffentlech presentéiert oder ausgestallt, verléint oder a soss enger Form verbreet ginn.

Dës Rechter gëlle bis 70 Joer nom Doud vum Auteur, gezielt ab der Verëffentlechung vum Wierk.

Déi meescht vun dëse Rechter kënnen un aner Persounen oder Organisatiounen ofgetrueden oder verkaf ginn, zum Beispill enger Société de Gestion collective. De Créateur ass dowéinst net ëmmer d’Persoun, déi dës Rechter huet oder verwalt4.

Waat dierf ech net maachen?

Als Grondreegel gëllt: et dierf een näischt maachen, wat den Auteur (oder Rechteinhaber) net erlaabt huet. D’Erlaabnis vum Auteur muss explizit sinn, d.h. nëmme wëll z.B. eng Foto um Internet verëffentlecht ass heescht dat net et dierf een se kopéieren!

Et ginn e puer streng Ausnahmen zu dëser Regel5:

  • Zitater / Karikaturen / Satire: kuerz Extraitë vun engem Wierk zitéieren, karikéieren oder humorvoll verschaffen ass erlab. Dës Zitater mussen awer e kriteschen, pädagogeschen oder informationellen Zweck hunn an dierfen net d’Ziel hunn den Auteur oder säi Wierk ze beleidegen. Wichteg ass och, dass trotzdem den Auteur an den Titel vum Gesamtwierk korrekt ernimmt gëtt.
  • Privatkopie: d’Gesetz gesäit eng Privatkopie zu Lëtzebuerg vir, ma sou laang d’Detailler net gekläert sinn spillt des Ausnahm net (cf. “Tipps & Tricks”).
  • Wëssenschaftlech oder pädagogesch Zwecker: d’Zitéieren ass an dëse Fäll erlaabt. Et muss awer drop opgepasst ginn richteg ze zitéieren6.
  • Duerstellunge vun ëffentlechen Wierker: Fotoen, Videoen o.ä. vun ëffentlech ausgestallte Wierker sinn erlaabt soulaang d’Ziel net eng onerlaabt Verfielfältegung ass. Zum Beispill: Vakanzefoto virun enger Statue ass erlaabt, Foto vun der Statue am Musée awer net.

Tipps & Tricks fir déi gréissten Falen ze ëmgoen

Oppasse beim Copy & Paste!

Net einfach Biller, Texter, Fotoen oder Videoen déi een online fënnt kopéieren a selwer benotzen! Generell muss een bei all Wierk wat een net selwer erstallt huet den Auteur ëm Erlaabnis froen! Och wann een den Auteur net fënnt oder net areeche kann dierf ee säi Wierk net benotzen. Verschidde Wierker dierfen ouni Erlaabnis benotzt ginn, z.B. Wikipedia-Artikelen, ma Konditioune mussen och hei erfëllt sinn (richteg Quellenangaben). Méi dozou weider ënnen (“Geheimtipp”).

Richteg zitéieren!

Zitater sinn erlaabt, soulaang richteg zitéiert gëtt. Fir den wëssenschaftlechen a pädagogesche Gebrauch gi verschidde Modeller wéi een korrekt zitéiert, z.B. den Harward Model oder den Chicago Model. Allgemeng gëllt: all Informatioun déi néideg ass fir d’original Wierk ze fanne muss genannt ginn. Dat ass an der Regel den Numm vum Auteur, den Numm vum Wierk, den Datum vun der Verëffentlechung, de Produzent, Verlag, Label o.ä., e Link fir Internetverëffentlechungen, an ggf. Angaben zu der Lizenz (cf. “Geheimtipp”).

Oppasse beim “Filesharing”!

Filesharing (zum Beispill iwwert Bittorrent) ass net illegal wann Erlaabnis vum Auteur ginn ass. Als Grondregel kann een awer huelen, dass Filmer, Musek oder Bicher déi een am Internet fënnt net vum Auteur erlaabt gi sinn, besonnesch wann et sech ëm aktuell Wierker vun grousse Produzenten handelt (z.B. Blockbuster-Filmer, Musek-Alben). Zu Lëtzebuerg ass d’Roflueden an Austausche vun illegal erstallte Kopien net erlabt.7

Eng Warnung fir Leit, déi am Ausland wunnen: besonnesch a Frankreich ginn et ganz streng Reegele wat Filesharing ubelaangt, déi bis zum Ofschalten vun der Internetverbindung ginn. An Däitschland gi Mahnunge verschéckt, déi deier kënne ginn (500 – 1500 €).

Oppassen op sozialen Netzwierker (zB. Facebook, StudiVZ)!

Sozial Netzwierker liewen dervun, dass Benotzer Donnéeën an Dateien austauschen. Et gëllen hei awer déi selwecht Reegelen; et dierf een näischt op seng Säit (Profil) sëtzen, wann een net den Accord vum Auteur huet. Zum Beispill: et dierf ee keng Fotoen oder Video oplueden, déi een net selwer gemaach huet, Texter verëffentlechen oder Comic-Figuren als Profilbild benotzen.

Privatkopie sinn net legal zu Lëtzebuerg!

Privatkopien, d.h. d’Verfielfältegung vun engem Wierk ouni den Accord vum Auteur fir de private Gebrauch, ass wéinst der Ontätechkeet vun der lëtzebuergescher Regierung net erlaabt! D.h. et ass z.B. net legal privat Kopie vu CDen ze maachen oder MP3en zum private Gebrauch ze kopéieren8. Obwuel et net legal ass ginn dës Verstéiss net konsequent verfollegt9.

Geheimtipp: sou fënnt ee Fotoen, Grafiken, Musek etc. déi ee ka fräi benotzen

Kuerzen Exkurs: wat ass Creative Commons?

Creative Commons (CC) ass eng ONG déi verschidde Lizenzen ubitt fir Leit, déi hier Wierker zu méi oppe Konditioune wëlle verëffentleche wéi de nationale Standard. Sou erlaabt eng CC Lizenz et Kreatioun ouni den expliziten Accord vum Auteur ze tauschen a weider ze verbreeden. Déi oppenst Lizenz sëtzt d’Wierk an d’Public Domain10, sou, dass jiddereen dermat dierf maache wat e wëll.

2009 ginn geschätzten 350 Milliounen Wierk ënner CC Lizenz verëffentlecht. D’Lizenze sinn vu Gerichter a an Europa an den USA hun d’Lizenzen unerkannt11.

Säi Wierk ënnert CC Lizenz verëffentlëchen

Eng CC Lizenz auswielen ass ganz einfach: op der CC Säit déi jeeweileg Optiounen uklicken an d’Lizenz gëtt automatesch ausgewielt. Dës Säit gëtt et op verschidde Sprochen (ënne kann een Sproochen auswielen). Wichteg sinn virun allen d’Angaben iwwer d’kommerziell Benotzung an d’Jurisdictioun (eng Lëtzebuergesch Lizenz ass verfügbar).

No Inhalt mat CC Lizenz sichen

D’Säit http://search.creativecommons.org/ bidd eng Fonktioun un mat deeër ee bekannte Sichmaschinen (Google, Jamendo, Wikipedia, Flickr) no Inhalter mat CC Lizenz duerchsiche kann. Dës Säit erliichtert d’Sich no fräien Inhalter enorm. Doriwwer raus bitt Youtube d’Funktioun un seng Sich no Inhalter ënner “Creative Commons” Lizenz ze filteren. Trotzdem soll een ëmmer nokucken op d’Resultater och wierklech vum Auteur fräi gi sinn. Et muss een och oppassen, den Auteur richteg ze zitéieren, eng Obligatioun, déi och ënnert Creative Commons Lizenzen net verfällt12.

Den fir sou Texter néidegen “Disclaimer” (Warnung): obwuel ech mer all Méi ginn meng Positiounen ze belee an ze recherchéiere kënnen sech Feeler aschläichen. Ech kann net fir eventuell falsch rechtlech Interpretatioune responsabel gemaach ginn. Dëst sinn allgemenge Rotschléi, keng onfeelbar rechtlech Analysen!

  1. Theoretesch. Praktesch kann et awer de Fall sinn. Dës Diskussioun ass awer näischt fir an dësen Artikel.
  2. Ausser sie sinn dem Harry Potter ganz ähnlech – e Beispill, dass Ideeën ënner Ëmstänn awer geschützt sinn.
  3. Méi dozou hei.
  4. Op den Ennerscheed tësch moralesch a sonstegen Urheberrechter ginn ech hei net an.
  5. Weider Informatioune ginn et hei (Jean-Luc PUTZ das luxemburgische Urheberrecht – eine Einführung (sur http://www.eco.public.lu/)).
  6. Soss plagiéiert een.
  7. Méi dozou héi.
  8. Weider Informatiounen hei.
  9. Et brauch een awer nëmmen iwwer d’Grenz bis a Frankräich ze goen wou Verstéiss géint d’Urheberrecht ganz streng geahnded ginn.
  10. Oder ënner eng Lizenz, déi der Public Domain am noste kënnt.
  11. Ënner anerem Belsch, Niederlande, Spuenien. (Wikipeadia > Urteile)
  12. Ausser bei Wierker ënner CC0/Public Domain