Wann net mir, wien dann? Wann net elo, wéini dann?
June 19, 2013
D’Vertrauen an d’Instanzen ass fort. Punkt. Aus. Fäerdeg.
Et gëtt näischt méi schéin ze schwätzen. Wann eemolege Justizminister an aktuelle Procureur général d’État sech géigesäiteg der Falschausso bezichtegen, da kann e kengem méi trauen. Dofir stellt sech elo just nach d’Fro wéi mir mat dëser fir Lëtzebuerg neier Situatioun ëmginn. Ween ass besser op eng nei, onbekannte, Situatioun ... more →
Firwat ech #neiwahlen fir néideg halen
June 18, 2013
An de leschten Deeg ass vill iwwert de Sënn an Onsënn vu virgezunnen #neiwahlen geschwat a geschriwwe ginn. Ech probéieren op dëser Plaz meng Positioun dozou kloer ze maachen.
Wann een als Oppositioun Neiwale fuerdert da gëtt dat schnell kritiséiert als wéilt een nëmmen un d’Muecht oder datt een géint eng aner Partei géif agéieren. Och gouf vill ... more →
Komödiantenstadl matt der CSV
June 6, 2013
Hiweis: Nët datt Lëtzebuerg grad genuch Problemer hätt muss sech d’CSV och nach als Komödiantenstadl verdéngen. Ech muss mech wierklech am Kalenner verkuckt hun well ech mengen haut ass den 1. Abrëll.
D’CSV huet also op Facebook e Video publizéiert. Als éischt eemol ass dat näischt wat ech kritiséiere misst, eng Partei déi vun neie Medie gebrauch mëscht, a wann ... more →
Lieber “Steve Jobless”
May 17, 2013
Sehr geehrter “Steve Jobless”,
Danke vielmals für die konstruktive Kritik die Sie an diesem Freitag im DNF, dem auflagenstärksten und neutralsten Wochenblatt, bezüglich der Piratenpartei veröffentlicht haben. Mit Freude kann ich Ihnen heute mitteilen dass sich tatsächlich heute Morgen bei mir der erste Bartwuchs gezeigt hat. Auch sind aus anderthalb Dutzend zahlenden Mitgliedern doch über Nacht geradezu fantastische 18 geworden!
... more →E Reboot fir den Aarbechtsmaart
May 10, 2013
Et ass schonns méi wéi eemol thematiséiert ginn datt et bei de Sozialsystemer zu Lëtzebuerg un Transparenz feelt. Et ass also éischter fir ze kräische, wéi fir ze laache, wann dann ausgerechent de Minister Nicolas Schmit proklaméiert datt d’OPE zougemaach gouf well hie méi Transparenz ëmsetze wéilt. Leider ass d’OPE nëmmen en Oflenkungsmanöver vun der Erkenntnis, datt d’Regierung an de ... more →

Comments are closed, but trackbacks and pingbacks are open.